Hallo där léif Laaberer,
Et huet een a läschter Zäit e bessi ze dacks d’Impressioun wéi wann een géif am Krees laafen, net genee wéisst wou een drun ass an seng Energie bei Saachen verschwänd di et einfach net wert sin.
Vielläicht ass dat jo och Stéckelchen vum Wee bei dat wou een mengt et géif een alt e besselchen méi gescheit gin.
Wahrscheinlech soll et esou sin an et muss een sech all Dag op neitst frësch erfannen.
Mee virun allem muss een erausfannen wéi een sech den Wee méi interessant gestalten kann, do därf een sech net schon um Wee fir dohinner langweilen, well een jo wees, dat wann een bis do ass, alles eriwer ass.
laaber long and prosper
MUZ